Op den Inhalt sprangen

Cecilia Malmström

Vu Wikipedia
Cecilia Malmström
Image
Gebuer 15. Mee 1968
Stockholm
Alter 58 Joer
Nationalitéit Schweden
Educatioun University of Gothenburg,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politikerin, Universitéitsprofessesch, Diplomatin, Politologin
Partei Liberalerna
Fonctioun Europadeputéiert, Europäesch Kommissärin fir den Handel
Image

D'Anna Cecilia Malmström, gebuer de 15. Mee 1968 zu Stockholm, ass eng schweedesch Politologin a Politikerin a fréier EU-Kommissärin.

D'Cecilia Malmström ass an der liberaler Vollekspartei a war vun 1999 bis 2006 Deputéiert am europäesche Parlament. Vum 6. Oktober 2006 bis 2010 war si Europaministesch an der Regierung Reinfelt.

Vun 2010 bis 2014 war si an der Kommissioun Barroso II, fir den nei geschaafte Banneressort zoustänneg. Vum 1. November 2014 bis Dezember 2019 war si Member vun der Europäescher Kommissioun ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker, responsabel fir den Handel.

Si schafft zanter 2022 fir en Affekotebüro zu Bréissel.

Image  Commons: Cecilia Malmström – Biller, Videoen an Audiodateien