Op den Inhalt sprangen

Chilliwack

Vu Wikipedia
Chilliwack
Image
Land Kanada
Awunner 83.788
  2016
Fläch 261,65 km²
Héicht 10 m
Koordinaten 49°10'16"N, 121°57'9"W
Websäit https://www.chilliwack.com/
Image

Chilliwack ass eng Stad am Süde vun der kanadescher Provënz Brittesch-Kolumbien an de Lower Mainlands am Fraser Valley Regional District.

Chilliwack läit ongeféier 100 Kilometer ëstlech vu Vancouver. D'nërdlech Grenz vun der Stad gëtt vum Fraser River gebilt. Am Süde läit de Vedder River an d'Grenz mam US-Bundesstaat Washington.

Zousätzlech zum Tourismus besteet d'Wirtschaft vu Chilliwack aus de follgende Secteuren:

  • Landwirtschaft
  • Liewensmëttelveraarbechtungsindustrie
  • Fabrikatiounsindustrie
  • Déngschtleeschtungen

Et ginn am Ganzen 31 ëffentlech Schoulen zu Chilliwack, dorënner eng kathoulesch Schoul. Déi zwou gréisst Secondairesschoule sinn d'Sardis Secondary School an d'Chilliwack Secondary School, fir d'Klassen zéng bis zwielef. Do dernieft gëtt et fënnef Secondairesschoule fir d'Klasse siwe bis néng.

Chilliwack läit um Trans-Canada Highway (Highway 1) deen duerch d'Stad leeft.

Dat lokaalt Fluchfeld läit um südëstleche Bord vu Chilliwack; et huet just eng Asphaltpist, déi 1.215 Meter laang ass.

Image
De Prospera Centre zu Chilliwack

Den Äishockeyclub Chilliwack Bruins huet vun 2006 bis 2011 an der Western Hockey League gespillt. D'Heemspiller vum Team goufen am Prospera Centre gespillt, deen eng Kapazitéit vu 5.700 Spectateuren huet.

Image  Commons: Chilliwack – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]