Colette Flesch
| Colette Flesch | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
16. Abrëll 1937 Diddeleng |
| Gestuerwen |
21. Januar 2026 Lëtzebuerg |
| Alter | 88 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Wellesley College, Fletcher School of Law and Diplomacy |
| Aktivitéit | Politikerin, Diplomatin, Fechterin, Sportlerin, Buergermeeschtesch |
| Gréisst | 162 cm |
| Gewiicht | 58 kg |
| Huet matgemaach bei |
Olympesch Summerspiller 1968, Olympesch Summerspiller 1964, Olympesch Summerspiller 1960 |
| Partei | Demokratesch Partei |
| Fonctioun | Buergermeeschtesch vu Lëtzebuerg, Vizepremierministesch, Wirtschaftsministesch vu Lëtzebuerg, Aussen- an Europaministesch, Justizministesch vu Lëtzebuerg, Europadeputéiert, Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber, President vum Verwaltungsrot |
| Famill | |
| Papp | Robert Flesch |
| Mamm | Madeleine Alexandre |
| Gielercher | Grousskräiz vum Isabellauerden, Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |

D'Colette Flesch, gebuer de 16. Abrëll 1937 zu Diddeleng, a gestuerwen den 21. Januar 2026[1], war eng lëtzebuergesch Politikerin (DP) a Sportlerin.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Kandheet a Jugend
[änneren | Quelltext änneren]1940 gouf d'Colette Flesch mat hirer Famill op Brive-la-Gaillarde evakuéiert, wou hire Papp kuerz drop gestuerwen ass. Mat hirer Mamm ass si eng Zäit a Frankräich bliwwen an ass och do an d'Schoul gaangen, bis si 1945 erëm zeréck op Lëtzebuerg geplënnert sinn. Nodeem si um Belair an d'Primärschoul gaange war, huet si hire Premièresexamen am Meedercherslycée an der Stad gemaach.
Wärend hirer Schoulzäit huet si e Schüleraustausch an d'USA gemaach, an huet sech dunn och decidéiert, do ze studéieren. Um Wellesley Women's College an op der Fletcher School of Law and Diplomacy am Massachusetts huet si Politik an Ekonomie studéiert.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1964 bis 1969 war d'Colette Flesch Verwaltungsrot am Sekretariat vum Conseil vun den Europäesche Communautéiten zu Bréissel.
Am Dezember 1968 waren zu Lëtzebuerg virgezunne Walen an d'Colette Flesch gouf fir d'Demokratesch Partei an d'Chamber gewielt.
1969 waren dunn och d'Kommunalwalen, a si gouf mat nëmmen 32 Joer Buergermeeschtesch vun der Stad a blouf dat bis 1980.
Vun 1969 bis 1980 a vun 1984 bis 1989 war si Deputéiert an der Chamber. Och am Europaparlament war si tëscht 1969 an 1980, tëscht 1984 an 1985, a vun 1989 bis 1990.
D'Colette Flesch war Generalsekretärin (1976-1980) a Presidentin (1981-1989) vun der DP. Si ass och eng Zäit laang Presidentin vun der Europäescher Federatioun vun de Liberalen, Demokrateschen a Reformparteie gewiescht.
Vun 1971 bis 1980 war se Member vum Verwaltungsrot vun der Banque Générale du Luxembourg.
Vun 1980 bis 1984 war se an der Regierung vum Pierre Werner Vizepremier, Ausseministesch, a Ministesch fir Aussenhandel, Kooperatioun, Wirtschaft, Kleng- a Mëttelbetriber a Justiz.
Tëscht 1990 an 1999 war d'Colette Flesch General-Direktesch an der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Kultur, Kommunikatioun a Sport, duerno fir den Iwwersetzerdéngscht.
Vun 1999 bis 2004 war si nees Europadeputéiert. Vun 2004 bis 2009 war si Deputéiert an der Chamber.
Vum 1. Januar 1988 bis den 31. Dezember 1999 war si Conseiller vun der Stad Lëtzebuerg an duerno war si do Schäffin. 2007 huet si dat Mandat un d'Lydie Polfer ofginn.
Sportlech Karriär[2]
[änneren | Quelltext änneren]An den 1960er Jore war d'Colette Flesch eng erfollegräich Fechterin. Si war e puermol Landesmeeschterin a gouf 1967 lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer. Si war och eng Zäit laang Generalsekretärin a Presidentin vun der Fédération luxembourgeoise d'escrime a Member vum lëtzebuergeschen olympesche Kommitee.
Si huet Lëtzebuerg dräimol op den Olympesche Spiller am Florett (Eenzelconcours) vertrueden:
Ënner 56 Konkurrentinnen aus 24 Natiounen ass si an der éischter Ronn als Véiert vun hirer Grupp ausgescheet.
Ënner 39 Konkurrentinnen aus 17 Natiounen ass si an der éischter Ronn als Fënneft vun hirer Grupp ausgescheet.
Ënner 38 Konkurrentinnen aus 16 Natiounen ass si an der éischter Ronn als Fënneft vun hirer Grupp ausgescheet.
Privatliewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Colette Flesch war d'Enkelin vum Auguste Flesch. Si war d'Duechter vun der Madeleine Alexandre an dem Robert Flesch. Si war "gepacst" an hat keng Kanner.
Éierungen a Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Si huet den Éierendoktertitel vun der Tufts University a vun der Miami University (Ohio) an de Vereenegte Staate vun Amerika.
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotion 1978)[3]
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1981)[4]
Grand officier vun der Légion d'honneur [5]
Commandeur de l'Ordre des Arts et des Lettres (1994)[6]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Colette Flesch – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Portrait op der Websäit vum EP
- CV vum Conseil National des Femmes du Luxembourg
- Portrait op dp.lu fir d'Wale 2009 (mat Fotoen)
- Portrait op dp.lu, 2007
- Resultater vum Colette Flesch op den Olympesche Spiller
- Colette Flesch wird 80 - "Du bass eist Super-Colette" op wort.lu de 16. Abrëll 2017
- Fränk Grotz, Colette Flesch: "Hire Wee" Documentaire op RTL den 10. Abrëll 2022, gekuckt op play.rtl.lu
| Virgänger: Paul Wilwertz | Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg 1970 - 1980 | Nofollger: Camille Polfer |
| Virdrun | Duerno | |
| Sylvie Hülsemann | 1967 | Sylvie Hülsemann |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) RIP: Fréier Olympionickin a Politikerin Colette Flesch am Alter vun 88 Joer gestuerwen. RTL Lëtzebuerg (21.01.2026). Gekuckt den 21.01.2026.
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 44-45. ISBN 978-2-9599734-5-1
- ↑ 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 6. Dezember 2022
- ↑ (de) Personalien. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 2. D'Lëtzebuerger Land (26.06.1981). Gekuckt den 22.01.2026.
- ↑ (de) Avis mortuaire Madame Colette Flesch. Tageblatt.lu. Gekuckt de 26.01.2026.
- ↑ Ambassade de France au Luxembourg facebook.com, January 21 at 5:36 PM.
- Lëtzebuergesch Olympionicken
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Wirtschaftsministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Europadeputéiert
- Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Fechter
- Gebuer 1937
- Gestuerwen 2026
- Europäesch Kommissioun
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Grand Officier vum Ordre de la Couronne
- Commandeur des Arts et des Lettres
- Grand officier de la Légion d'honneur
