Op den Inhalt sprangen

Corcovado (Brasilien)

Vu Wikipedia
Corcovado
Image
Lokalisatioun
Land Brasilien
Verwalt vun Rio de Janeiro
Koordinaten 22°57'9"S, 43°12'42"W
Héicht 710 m
Image
Image
Vue op de Corcovado mat der Christusstatu

De Corcovado (lb.: de Bocklechen) ass e Bierg zu Rio de Janeiro, op deem eent vun den Erkennungszeeche vun der Stad, déi mam Sockel 38 Meter héich Christus-Statu Cristo Redentor, steet. Ënnendrënner läit den Tijuca-Nationalpark. De Corcovado ass 710 m héich an 't huet ee vun do, wann et net donsteg ass, eng spektakulär Vue iwwer Rio de Janeiro an d'Guanabara-Bucht.

Erop kënnt een wwer eng Serpentinnestrooss oder mat enger Zännradbunn. Den Antonio Carlos Jobim huet dem Corcovado e Lidd mam selwechten Numm dediéiert.

Image  Commons: Corcovado (Brasilien) – Biller, Videoen an Audiodateien