Op den Inhalt sprangen

Euphrat

Vu Wikipedia
Euphrat (Firat)
Image
Längt 2.736 km
Debit 818,0 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Persesche Golf
Fläch vum Anzuchsgebitt 673.000 km²
Originn
Originn Zesummefloss
Murat a Karasu
Plaz Dicle-Barrage
Koordinaten 39° 43’ 41.88’’ N
      40° 15’ 24.84’’ O
Konfluenz
Leeft an zesumme mam Tigris
zum Schatt al-Arab
Plaz bei Al Qurnah
Héicht 59 m
Haaptnieweflëss Tohma Çayı, Göksu, Karasu,
Nizip Çayı, Sādschūr, Belich, Chabur
Geographie
Land Image Tierkei
Image Syrien
Image Irak
Image
Image
Image
Den Euphrat bei Ar-Raqqa a Syrien.

Den Euphrat (Algriichesch: Εὐφράτης - Euphrátēs, Arabesch: al-Furāt, Kurdesch: Firat, Tierkesch: Fırat) ass de gréisste Stroum a Westasien.

En huet eng Längt vun 2.736 km; zielt ee säi längste Quellfloss, de Murat, mat derbäi, sinn et der 3.380. De Karasu ("Schwaarzt Waasser") ass deen anere Quellfloss. Déi zwéin hunn hiren Urspronk an der Tierkei an den Taurus-Bierger a lafen zimmlech parallel Richtung Westen. Am Keban-Barrage (675 km²; 31 km³) vereenege se sech zum Euphrat. Dono leeft de Stroum duerch de Karakaya-Barrage (268 km²; 9,58 km³), den Atatürk-Stauséi (817 km²; 48,7 km³) an d'Euphrat-Staustuf Birecik (1,2 km³). Den ieweschte Laf vum Floss markéiert déi historesch Grenz tëscht Klengasien a Mesopotamien. Dono leeft den Euphrat duerch Syrien, den Tischrin-Barrage mam Assad-Stauséi, an a südëstlecher Richtung duerch den Irak mam Haditha-Barrage (500 km²; 6,4 km³). Do vereenegt e sech mam Tigris zum Schatt al-Arab, deen an de Persesche Golf leeft.

Image  Commons: Euphrat – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]