Handelsgesellschaft
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Handelsgesellschaft ass eng moralesch Persoun, déi kommerziell aktiv ass oder op d'mannst sou eng Form huet an déi sech an hirem eegenen Numm rechtlech engagéiere kann.
Forme vun Handelsgesellschaften
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg si follgend Gesellschaften eleng duerch hir Form Handelsgesellschaften[1]:
| Oppen Handelsgesellschaft | société en nom collectif (SENC) |
| Einfach Kommanditgesellschaft | société en commandite simple (SCS) |
| Speziell Kommanditgesellschaft | société en commandite spéciale (SCSp) |
| Aktiegesellschaft | société anonyme (SA) |
| Vereinfacht Aktiegesellschaft | société par actions simplifiée (SAS) |
| Kommanditgesellschaft op Aktien | société en commandite par actions (SCA) |
| Gesellschaft mat limitéierter Responsabilitéit | société à responsabilité limitée (Sàrl) |
| Vereinfacht Gesellschaft mat limitéierter Responsabilitéit | société à responsabilité limitée simplifiée (Sàrl-s) |
| Genossenschaft | société coopérative (SCOP) |
| Europäesch Gesellschaft | société européenne (SE) |
Donieft kënnen awer och Gesellschafte mat enger anerer Form Handelsgesellschafte sinn, wa s'als Gesellschaftszweck Actes de commerce hunn[2].
An enger wäit gefaasster Definitioun vun den Handelsgesellschaften zielt een och d'Société commerciale momentanée an d'Société commerciale en participation dozou, och wann dat u sech guer keng Gesellschafte sinn[2].
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Artikel 100-2 vum modifizéierte Gesetz vum 10. August 1915 iwwer d'Handelsgesellschaften, hei verlinkt an der koordinéierter Fassung vum groussherzogleche Reglement vum 5. Dezember 2017, déi awer als sollech net méi aktuell ass
- 1 2 Artikel 100-1 vum modifizéierte Gesetz vum 10. August 1915 iwwer d'Handelsgesellschaften, hei verlinkt an der koordinéierter Fassung vum groussherzogleche Reglement vum 5. Dezember 2017, déi awer als sollech net méi aktuell ass