Op den Inhalt sprangen

Léonard Schroeder

Vu Wikipedia
Image Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Léonard Schroeder
Gebuer 22. Januar 1898
Gestuerwen 22. Oktober 1958
Péiteng
Alter 60 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter
Image

De Léonard Schroeder, gebuer den 22. Januar 1898 zu Ëlwen[1], gestuerwen den 22. Oktober 1958 zu Péiteng[2], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter.

Hie war bis zu senger Pensionéierung am Juli 1958 31 Joer laang Schoulmeeschter zu Péiteng[3]. Ma schonns e puer Méint drop ass hie gestuerwen.

Zu Péiteng gouf eng Strooss nom Léonard Schroeder genannt.[4] Ufanks huet déi ganz Cité Am Wäissebrill säin Numm gedroen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ De Leonard Schroeder op www.luxracines.lu
  2. ↑ Avis de décès 11 Page 8. In: Luxemburger Wort, unknown. Jg., n° 296 (23.10.1958), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. ↑ "Aus dem Petinger Gemeinderat: Bericht über die Sitzung vom 6. August." In: Luxemburger Wort, 111. Jg., n° 225 (13.08.1958), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. ↑ Rue Léonard Schroeder op geoportail.lu.