Op den Inhalt sprangen

Oblast

Vu Wikipedia

En oder eng Oblast[1] ((ru)(uk) область) ass en administrative Verwaltungsbezierk, änlech wéi eng Regioun, deen et a Russland, der Ukrain, a Bulgarien, Wäissrussland, am Kasachstan an am Kirgisistan gëtt.

Aner Bezeechnunge sinn:

  • Woblasz: (be) вобласць, (sr) (bg) област, (kk) облыс;
  • Oblasť: (sk), Méizuel: облыстар oblystar;
  • Oblus: (ky) облус.

Dës Zort Ënnerdeelung gouf et fir d'éischt am russesche Keeserräich an an der Sowjetunioun.

An der Slowakei bezeechent en Oblast eng statistesch Regioun.

Am Joer 2024 goufen déi russesch, wäissrussesch, ukrainesch a kasachesch Oblasten a Rajonen ((ru)(uk): райо, Distrikt) opgedeelt, eng Ënnerdeelung, déi och aus der Sowjetzäit geierft gouf.

Land Ënnerdeelung
Image Bulgarien 28 Oblasten
Image Kasachstan 17 Oblasten an dräi Stied (Almaty, Astana, Schymkent) mat engem spezielle Status
Image Kirgisistan 7 Oblasten, 40 Rajonen an zwou Stied (Bischkek an Osch) mat engem spezielle Status
Image Russland 89 Federatiounssujeten, dovu sinn der 46 en Oblast
Image Ukrain 24 Oblasten, d'Krim an zwou Stied (Kiew a Sewastopol) mat engem spezielle Status
Image Wäissrussland 6 Oblasten, 118 Rajonen an den Haaptstadbezierk Minsk
Image  Commons: Oblast – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) un oblast, (de) eine Oblast; op der lb.wiki sinn och béid Formen ze fannen