Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 67.967 Artikelen an 111 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Hëlleft mat Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren

Wousst Dir schonn, datt…

Pravčická brána
Pravčická brána
  • … d'Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
  • … „Kueb“ an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut „Klenge Kueb“ genannt gëtt?
  • … de Rubicon an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche Floss op der Welt ass?

Artikel vun der Woch

Image

D'Nationalstrooss 10 oder N10 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réimech, Gréiwemaacher, Iechternach, Dikrech, Veianen a Klierf. Si féiert vun der däitscher Grenz zu Schengen laanscht d'Musel, d'Sauer an d'Our bis op Maarnech wou se Uschloss un d'N7 an d'N18 huet. Si huet eng Gesamtlängt vun ca. 113 km an ass domat déi längst Nationalstrooss am Land.

D'N10 fänkt un op der däitscher Grenz zu Schengen op der Bréck iwwer d'Musel, wou se un déi däitsch B407 ugeschloss ass. Vun do leeft se an nërdlecher Richtung laanscht d'Musel, ënner der Autobunn A13 erduerch, weider laanscht Wëntreng, Schwéidsbeng a Bech-Maacher bis op Réimech, wou se sech mat der N2 kräizt. Weider geet se laanscht Stadbriedemes, Hëttermillen, Éinen, Wuermeldeng, Ohn a Meechtem bis op Gréiwemaacher, wou se an d'N1 iwwergeet. Zesumme mat der N1 geet se laanscht Mäertert bis op Waasserbëlleg, wou se op der Kräizung vun der Grand-Rue mat der Rue des Bergers no lënks ofbéit a sech nees vun der N1 trennt... > méi

Image

Op engem 1. Oktober

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Stater Kolléisch
Stater Kolléisch
Méi iwwer: … den 1. Oktober • … soss en Dag • 2026

Kierzlech Verstuerwen

Maria Vlady
Maria Vlady

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik