Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.268 Artikelen an 138 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Bäerbelekierch zu Crusnes déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus Eise gebaut ass?
- … de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
- … Lëtzebuerg (via RTL) tëscht 1956 an 1993 am Ganze siwenandrëssegmol beim Eurovision Song Contest matgemaach huet an dëse fënnefmol gewonnen huet?
- … dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
Artikel vun der Woch

D'Chambersgebai oder Hôtel de la Chambre des députés, ass dat Gebai um Krautmaart an deem d'Chamber, d'Legislativorgan vum Lëtzebuerger Staat, fir gewéinlech hir Sessiounen ofhält. Et ass un de Groussherzogleche Palais ugebaut.
Virun 1860 hat d'Chamber keng gereegelt Plaz fir zesummenzekommen; dat geschouch entweeder am Palais (deen deemools ë. a. och de Sëtz vun der Regierung war) oder am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. 1848 huet se sech souguer an der Ettelbrécker Primärschoul versammelt. An den 1850er Jore gouf kloer, datt eng definitiv Léisung misst fonnt ginn, och well de Palais ewell just nach fir de Groussherzog a seng Famill reservéiert sollt sinn. Dofir gouf 1857 den Architekt Antoine Hartmann gefrot, en neit Gebai z'entwerfen, dat an d'Plaz vun den Haiser Wirtgen, Baustert, Hernandez an Heynen komme sollt.
De Stil ass eng Mëschung aus neo-klasseschen, neo-goteschen an neo-renaissancen-Elementer... > méi

Op engem 15. Mee

- 1633: Gebuert vum franséische Minister a Festungsingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban.
- 1813: Den dänesche Philosoph an Theolog Søren Kierkegaard kënnt op d'Welt.
- 1857: Déi US-amerikanesch Astronomin Williamina Fleming gëtt gebuer.
- 1859: Gebuert vum franséische Physiker a Cheemiker Pierre Curie.
- 1911: De Schwäizer Schrëftsteller an Architekt Max Frisch kënnt op d'Welt.
- 1920: De franséischen Auteur a Filmregisseur Michel Audiard gëtt gebuer.
- 1955: An Éisträich gëtt de Staatsvertag ënnerschriwwen, deen dem Land seng Souveränitéit erëmgëtt.
- 1985: De Poopst Jean-Paul II. ass op Visite zu Lëtzebuerg.
Kierzlech Verstuerwen

- 14. Mee: Sophie Garel, franséisch Sängerin a Fernseemoderatorin.
- ≤ 14. Mee: Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker an Dirgigent.
- 12. Mee: Romuald Figuier, franséische Sänger.
- 3. Mee: Claire Maurier, franséisch Schauspillerin
- 1. Mee: Gust Stefanetti, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
