Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.277 Artikelen an 132 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…
- … d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
- … de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
- … de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn?
- … d'Bäerbelekierch zu Crusnes déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus Eise gebaut ass?
- … de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
Artikel vun der Woch

De Frank Vincent Zappa (21.12.1940 - 4.12.1993) war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Hien huet sech en eegent musikalesch Universum geschaf aus enger Mëschung aus Rockmusek, psychedeleschem Rock, Jazz, experimenteller Musek an zäitgenëssescher Klassik, vermëscht mat engem gudde Schotz De-Geck-mat-sech-selwer-Maachen, Humor a Performance-Konscht.
Uganks vun den 1960er Joren huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname ware Soundtracke vu B-Filmer. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants, vun där hie séier de Chef gouf a s'an "The Mothers" ëmbenannt huet. 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.
Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert... > méi

Op engem 18. Mee

- 1804: Den Napoléon Bonaparte proklaméiert d'Franséisch Keeserräich.
- 1848 Zu Frankfurt am Main kënnt dat éischt demokratesch gewielt däitscht Parlament, d'Frankfurter Nationalversammlung, an der Paulskirche beieneen.
- 1872: Gebuert vum englesche Mathematiker a Philosoph Bertrand Russell.
- 1883: Den däitschen Architekt Walter Gropius kënnt op d'Welt.
- 1911: Doud vum éisträicheschen Dirigent a Komponist Gustav Mahler.
- 1913: De franséische Sänger Charles Trenet gëtt gebuer.
- 1920: Gebuert vum Karol Wojtyła, spéiderhi Poopst Jean-Paul II..
- 1975: Zu Lëtzebuerg gi ronn 12.000 jonk Leit op ee Coup groussjäreg, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf.
Kierzlech Verstuerwen
- 15. Mee: Angelica Domröse, däitsch Schauspillerin.
- 14. Mee: Sophie Garel, franséisch Sängerin a Fernseemoderatorin.
- ≤ 14. Mee: Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker an Dirigent.
- 12. Mee: Romuald Figuier, franséische Sänger.
- 3. Mee: Claire Maurier, franséisch Schauspillerin
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
