Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 67.278 Artikelen an 132 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

Image
  • … d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
  • … d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
  • … de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?

Artikel vun der Woch

Image

De Frank Vincent Zappa (21.12.1940 - 4.12.1993) war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Hien huet sech en eegent musikalesch Universum geschaf aus enger Mëschung aus Rockmusek, psychedeleschem Rock, Jazz, experimenteller Musek an zäitgenëssescher Klassik, vermëscht mat engem gudde Schotz De-Geck-mat-sech-selwer-Maachen, Humor a Performance-Konscht.

Uganks vun den 1960er Joren huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname ware Soundtracke vu B-Filmer. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants, vun där hie séier de Chef gouf a s'an "The Mothers" ëmbenannt huet. 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.

Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert... > méi

Image

Op engem 19. Mee

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Image
Méi iwwer: … den 19. Mee… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

d'Angelica Domröse (2010)
d'Angelica Domröse (2010)

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

Image
… eng Sandschmuewel ( Riparia riparia)
Vull vum Joer 2026

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik