Jacques Gallé
Ausgesinn
| Jacques Gallé | |
|---|---|
| Gebuer |
10. Abrëll 1875 Bouneweg |
| Gestuerwen |
28. Mäerz 1945 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | Radikal-Liberal Partei |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Auszeechnungen | Officier vum Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
De Jean François Jacques Gallé, gebuer den 10. Abrëll 1875 zu Bouneweg, a gestuerwen den 28. Mäerz 1945 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur (Geometer) op der Eisebunn a Politiker.[1]
Hie war eng éischt Kéier vun 1916 bis 1919 Deputéierten. Bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 als Deputéierte vun der Radikal-Liberaler Partei op en Neies an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925, dës Kéier fir d'Vereenegt Lénk, erëmgewielt a blouf bis 1931 Deputéierten. Eng lescht Kéier war hien 1934 an 1937 Volleksvertrieder um Krautmaart.[2]
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[3]
Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1929)[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Jean François Jacques Gallé op www.deltgen.com
- ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ Chronique locale - Distinctions an 'l'indépendance luxemboiurgeoise' vum 25. Januar 1929 op der Säit 2 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 5. Januar 2023
