Op den Inhalt sprangen

Jean-Baptiste Piron

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Piron
Image
Gebuer 10. Abrëll 1896
Couvin
Gestuerwen 4. September 1974
Uccle/Ukkel
Nationalitéit Belsch
Educatioun École royale militaire
Aktivitéit Offizéier
Auszeechnungen Distinguished Service Order, Officier vum Ordre de Léopold II, Grand-croix vum ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau, Grand-croix vum Ordre de la Couronne
Image

De Jean-Baptiste Félicien Louis Joseph Piron, gebuer den 10. Abrëll 1896 zu Couvin, a gestuerwen de 4. September 1974 zu Uccle, war e Generol an der belscher Arméi.

De Jean-Baptiste Piron ass 1913, mat 17 Joer zu Bréissel op d'Offizéieschschoul gaangen.

Éischte Weltkrich an Tëschekrichszäit

[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum Éischte Weltkrich huet hie sech den 1. Oktober 1914 als Volontaire de carrière engagéiert a koum als Peletonschef an den 2. Batailloun vum 2. Linneregiment, wou en du fir d'éischt an der Schluecht vu Sint-Margriete-Houtem mat derbäi war. Den 8. Oktober a puer Deeg ier säi Regiment sech op d'Yser-Front zeréckgezunn huet, gouf hie Sous Lieutenant genannt an de 26. Mäerz 1916 krut en de Leitnantsgrad. Am Dezember 1916 huet en an d'22. Linneregiment gewiesselt. Wéinst enger Blinddaarmentzündung koum en am Oktober 1917 an den Hôpital de Cabour zu Adinkerke. Well en duerno ee Strapp keen Déngscht an der Infanterie konnt maachen, gouf en den 31. Mäerz 1918 bei d'Fligerei versat, wou en dunn Observateur am 6. Observatiounsgeschwader war. Bei engem Déiffluch iwwer de feindleche Positiounen den 11. August 1918 gouf säi Fliger vu Maschinnegewierbeschoss sou beschiedegt datt en huet misse noutlanden, woubäi e verwonnt gouf.

Am September 1918 gouf en zum Capitaine en second ernannt, an um Enn vum Krich gouf e Capitaine. E koum zeréck bei d'22. Linneregiment fir de 7. Mäerz 1919 bei d'2. Grenadéierregiment ze wiesselen.

De 5. Januar 1920 koum hie bei de Bataillon de renfort et l'instruction vum 12. Linneregiment[1], a goung kuerz duerno nees fir 4 Joer op d'Offizéieschschoul, wou en de 6. Januar 1925 de Brevet als Offizéier vum État-major krut.

Am Mäerz 1933 krut hien de Grad als Capitaine - Commandant BEM an am August 1934 gouf an eng Kompanie vum 1. Regiment vun de Cyclistes-frontière déi zu Henry-Chapelle stationéiert war, detachéiert. De 26. Mäerz 1936 krut e seng Nominatioun als Major BEM

Tëscht 1936 an 1939, war en dunn am 1. an am 2. Grenadéierregiment fir duerno Sous-chef d'Etat-major am 2.Corps d'Armée ze ginn. Den 1. September 1939 koum en an de Quartier général vum 5. Corps d'Armée.

Zweete Weltkrich

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Belsch den 28. Mee 1940 virun den Truppe vum Naziregimm kapituléiert huet, koum de Piron a Krichsgefaangenschaft, konnt awer 1941 a Groussbritannie flüchten, wou e sech 1942 der belscher Exilarméi ugeschloss huet. Op Uerder vum belsche Premierminister Hubert Pierlot gouf hien e Joer méi spéit fir d'éischt Kommandant an duerno Lieutenant général vun der 1. belscher Infanteriebrigade, de Forces belges libres. Méi spéit gouf d'Brigade no him Brigade Piron genannt. Ënner sengem Kommando huet d'Brigade beim „Botze vun der Küst vum Äermelkanal“ (Operatioun Paddle) matgemaach a sech aktiv un der Befreiung vun der Belsch a vun Holland bedeelegt.

Seng Krichserfolleger waren nom Krich decisiv fir den Opstig a senger Karriär. 1947 gouf hie Lieutenant général vun der belscher Arméi ernannt a war duerno, vun 1951 bis 1957, Chef vum État-major a perséinlechen Adjutant vum Kinnek Baudouin.[2]

  • Benoît Niederkorn, Philippe Victor, Marc Heinrich, Lynn Schroeder, Laurent Mehlen, Ons Arméi um Härebierg: ein Streifzug durch die Entwicklung der luxemburgischen Armee (1944-2025), Musée National d'Histoire Militaire, Armée Luxembourgeoise, 2025, 161 S., ISBN 978-2-9199612-8-3
Image  Commons: Jean-Baptiste Piron – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. dës Quell seet 12. Divisioun, wat awer onwarscheinlech ass: 1. well et zu deem Zäitpunkt nëmme 6 belsch Divisioune gouf, an 2. well anere Quellen no eng 12. Divisioun eréischt um Virowend vum Zweete Weltrich (1938) op d'Bee gestallt gouf.
  2. Quell: Ons Arméi um Härebierg: ein Streifzug durch die Entwicklung der luxemburgischen Armee (1944-2025), S. 15
  3. Jean Baptiste PIRON dit «  LE LION » op chez.com