Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.139 Artikelen an 126 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
- … am Joer 1957 an der Stengeforter Schmelz 10.041 Tonne Phenol produzéiert goufen?
- … deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der Chamber gouf, de Jean Schortgen, op engem 1. Mee bei engem Accident an der Grouf leie blouf?
- … „Däitschland“ an der Provence nëmme knapps iwwer 500 Awunner huet?
- … dem „Hauptmann von Köpenick“ säi Graf an der Stad Lëtzebuerg um Nikloskierfecht ass?
Artikel vun der Woch

Den Haff Réimech ass zanter 1998 en Naturschutzgebitt vun zirka 100 ha am Dräilännereck Lëtzebuerg-Däitschland-Frankräich, an der Gemeng Schengen, dat un d'Uertschafte Rëmerschen, Wëntreng a Schwéidsbeng grenzt. Et ass eent vun de schéinsten an ekologesch wäertvollste Fiichtgebidder vu Lëtzebuerg.
Et läit am breeden Deel vum soss enke Museldall, tëscht der Musel am Osten an deene mat Wéngerte bedeckten Häng am Westen, an ass entstanen, well sech do am Laf vun de Joerhonnerten duerch reegelméisseg Iwwerschwemmunge verschidde Schichte vu Sand a Kisel an aner Sedimenter ofgelagert hunn. Dës goufen zanter den 1940er Joren industriell ofgebaut an hunn eng Landschaft mat géie Basengen, déi sech no an no mat Waasser gefëllt hunn, hannerlooss. D'Waasserqualitéit vun den am ganzen ëm déi véierzeg Baggerweieren ass exzellent, well d'Waasser gréisstendeels aus ënnerierdesche Quelle vun de Wéngerten hierkënnt... > méi

Op engem 21. Abrëll

- 1699: De franséische SchrëftstellerJean Racine stierft.
- 1816: Déi englesch Schrëftstellerin Charlotte Brontë gëtt gebuer.
- 1858: Gebuert vum lëtzebuergesche Moler Franz Seimetz.
- 1897: De lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker Antoine Krier kënnt op d'Welt.
- 1910: Doud vum US-amerikanesche Schrëftsteller Mark Twain.
- 1926: Gebuert vun der Elizabeth II., Monarchin vum Vereenegte Kinnekräich an anere Commonwealth realms.
- 1930: Déi italieenesch Filmschauspillerin Silvana Mangano gëtt gebuer.
- 1967: Militärputsch a Griicheland.
Kierzlech Verstuerwen

- 17. Abrëll: Nathalie Baye, franséisch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Mario Adorf, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 6. Abrëll: René Daubenfeld, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 3. Abrëll: Michele Massimo Tarantini, italieenesche Filmregisseur.
- 30. Mäerz: Chan Santokhi, surinamesche Politiker.
E Bléck op…

um Zousazinventaire vun den nationale Kulturierfschaften.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik