Op den Inhalt sprangen

Izmir

Vu Wikipedia
Izmir
Image
Vue op Izmir, vu Kadifekale aus gekuckt (2014)
Land Tierkei
Vewaltungseenheet İzmir ili
Buergermeeschter Cemil Tugay
Awunner 4.493.242
  2024
Fläch 944 km²
Héicht 9 m
Koordinaten 38°24'N, 27°10'O
Telefonszon 232
Postcode 35000–35999
Websäit https://www.izmir.bel.tr/
Image

Izmir, fréier Smyrna (tierkesch: İzmir, griichesch: Σμύρνη Smýrni), ass mat 4.493.242 Awunner (Stand 2024)[1] déi drëttgréisst Stad an der Tierkei. S'ass de Chef-lieu vun der Provënz mam selwechten Numm.

Izmir läit um Egäesche Mier an huet – no Istanbul – den zweetgréissten Hafe vum Land.

Déi éischt Siidlungen an der Géigend vum haitegen Izmir ginn zeréck op ongeféier 6500 – 4000 v. Chr. An der Antiquitéit war Izmir, ënner dem Numm Smyrna, eng vun de wichtegsten Uertschaften an Ionien, enger Géigend vun der griichescher Welt a se huet bis 1922 zum griichesche Kulturkrees gehéiert.

Image  Commons: Izmir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.