Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.163 Artikelen an 120 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … een, fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, 80.000 bis 150.000 Bléie brauch?
- … de Staatsarchitekt Charles Arendt 1900 proposéiert hat, um Glacis eng neigotesch Kathedral mat Plaz fir bis zu 3.000 Leit ze bauen?
- … de Puck 1877 vum William Fleet Robertson erfonnt gouf, andeems en einfach zwou Tranchë vun engem Vollgummisball uewen an ënnen ewechgeschnidden hat?
- … de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de „Pappe“ vun der Belscher Verfassung war?
- … de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
Artikel vun der Woch

De Begrëff Belsch (resp. Belgica, Belgae, Belgique, asw.) gouf am Laf vun der Zäit fir eng méi oder wéineger grouss Géigend a fir ënnerschiddlech Mënschegruppen benotzt.
De Begrëff Belgium, deen de Julius Caesar a senge Commentarii de Bello Gallico gebraucht, schéngt nëmme fir e klengen Deel am Südweste vum Territoire vun de Belgae ze gëllen, ongeféier an der Géigend vun Amiens, Beauvais an Arras. Eppes méi spéit gëtt d'Wuert Belgica méi am Sënn vum Gebitt, wou d'Belgae doheem si benotzt. An de Joerhonnerten dono steet d'Wuert grosso modo fir de Raum tëscht der Seine, der Marne, dem Rhäin an dem Nordmier, mat Tréier (Belgica I) a Reims (Belgica II) als Haaptstied. Spéider erstreckt sech d'Belgica och mol iwwer d'Géigend vum Mëttelrhäin bis an déi haiteg Schwäiz eran.
Am spéiden 9. Joerhonnert gouf dem Lothar II. säin Zwëscheräich Lotharingien als Gallia Belgica oder einfach als Belgica bezeechent. Zu der Zäit vum Philippe III. (15. Jh.), gouf mam Begrëff Gallia Belgica den Ensembel vun alle Principautéite bezeechent, déi bis dohi vum Haus Burgund tëscht Frankräich an dem däitsche Keeserräich gesammelt gi waren, dorënner och d'Herzogtum Lëtzebuerg... > méi

Op engem 7. November
- 739: Doud vum Willibrord, Missionär vun de Frisen.
- 1659: Den Traité vun de Pyrenäen gëtt tëscht Frankräich a Spuenien ënnerschriwwen.

Marie Curie - 1867: Déi franséisch-polnesch Cheemikerin a Physikerin an Nobelpräisdréierin Marie Curie (Maria Skłodowska) gëtt gebuer.
- 1879: De russesche Revolutionär Leo Trotzki kënnt op d'Welt.
- 1903: Gebuert vum éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier Konrad Lorenz.
- 1913: De franséische Schrëftsteller a Philosoph Albert Camus gëtt gebuer.
- 1917: Ufank vun der Oktoberrevolutioun a Russland.
- 1980: Doud vum US-amerikanesche Filmschauspiller Steve McQueen.
Kierzlech Verstuerwen

- 4. November: Hubert Aiwanger, däitsche Politiker, Tinto Brass, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 3. November: Janosch (Horst Eckert), däitsche Kannerbuchauteur a Schrëftsteller.
- 28. Oktober: Elke Sommer, däitsch Schauspillerin; Patrick Stewart, brittesche Schauspiller.
- 27. Oktober: Norbert Haupert, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Oktober: Henri Frank, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
