Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.071 Artikelen an 122 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … den zweeten an deen drëtte President vun de Vereenegte Staate genee de selwechten Dag, de 4. Juli 1826, gestuerwe sinn?
- … den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?
- … de franséische Chansonnier Serge Gainsbourg an den 1960er Joren och Regisseur vu Sandalefilmer war?
- … Südafrika eelef ofiziell Sproochen huet?
- … de Zénon Bernard, 20 Joer nodeem hien e Gol am eenzege Match, deen déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp jee géint Frankräich gewonnen huet, geschoss hat, als éischte Kommunist an d'Chamber gewielt gouf?
Artikel vun der Woch

Cassini-Huygens ass den Numm vun enger Missioun vun zwou Raumsonden, déi gebaut goufen, fir de Planéit Saturn, seng Réng a seng Mounden z'erfuerschen. De Cassini war en Orbiter, deen am Opdrag vun der NASA gebaut gouf an den seng Observatiounen aus enger Ëmlafbunn eraus gemaach huet. Den Huygens gouf am Optrag vun der ESA als Lander gebaut an ass am Laf vun der Missioun vum Cassini ofgekoppelt ginn, fir um Moudn Titan ze landen, an esou Informatiounen iwwer seng Atmosphär a seng Uewerfläch zu sammelen.
Déi zwou Sonden, déi uneneegekopplet waren, goufen de 15. Oktober 1997 vum Launch Complex 40 op Cape Canaveral mat enger Titan-IVB-Rakéit gestart. Den 1. Juli 2004 ass de Cassini an den Orbit vum Saturn ageschwenkt, an de 14. Januar 2005 ass den Huygens, dräi Wochen nodeems e sech vum Cassini getrennt hat, um Titan gelant, an huet 72 Minutte laang Daten op d¨Äerd geschéckt. Dem Huygens seng Missioun gouf e puermol verlängert a goung definitiv op en Enn, wéi en de 15. September 2017 an d'Saturnatmosphär agetrueden an dobäi vergloust ass... > méi

Op engem 26. Oktober

- 1759: Gebuert vum franséische Revolutionär Georges Jacques Danton.
- 1795: A Frankräich trëtt de Regime vum Directoire a Kraaft
- 1863: Op enger internationaler Konferenz zu Genf gëtt d'Rout Kräiz als Institutioun gegrënnt.
- 1916: De franséische Politiker a Staatspresident François Mitterrand gëtt gebuer.
- 1919: Éischt Chamberwalen nom allgemenge Walrecht zu Lëtzebuerg. D'Rietspartei etabléiert sech als stäerkst politesch Kraaft.
- 1947: Déi US-amerikanesch Politikerin Hillary Clinton kënnt op d'Welt.
- 1994: Jordanien an Israel ënnerschreiwe e Friddensvertrag.
- Nationalfeierdag an Éisträich.
Kierzlech Verstuerwen

- 26. Oktober: Henri Frank, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 21. Oktober: Tom Skerritt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Oktober: Gast Heuschling, lëtzebuergesche Moler
- 6. Oktober: Eva Marie Saint, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Oktober: Dennis Hastert, US-amerikanesche Politiker.
- 3. Oktober: Albert Rueprecht, éisträichesche Schauspiller.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
