Op den Inhalt sprangen

Michel Barnier

Vu Wikipedia
Michel Barnier
Image
Gebuer 9. Januar 1951
La Tronche
Alter 75 Joer
Nationalitéit Frankräich
Educatioun ESCP Europe
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Regierungschef, Minister
Partei Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République, Les Républicains, Union des démocrates pour la République
Fonctioun Franséische Senateur, Member vum Conseil général, Europadeputéierten, Premierminister vu Frankräich, Deputéierten
Auszeechnungen Officier vun der Légion d'honneur, Robert-Schuman-Medail, Gëllenen Olympeschen Uerden, Grousskräiz vum Isabellauerden, Chevalier vum Ordre d'Orange-Nassau
Famill
Bestuet mat Isabelle Altmayer (16.1.1982–)
Papp Jean Barnier
Mamm Denise Barnier
Image

De Michel Bernard Barnier, gebuer den 9. Januar 1951 zu La Tronche, am Departement Isère, ass e franséische Politiker. Hien ass zanter dem 5. September 2024 Premierminister vu Frankräich.

Hie war, resp. ass Member vun de sukzessive gaullistesche Parteien (UDR, RPR, UMP, LR), an engagéiert sech zanter 1973 an der Politik; fir d'éischt an der Savoie, dono op nationalem Plang an um Niveau vun der EU. 1978 gouf hie fir d'éischt an d'Nationalversammlung gewielt.


Hie war bis ewell Minister responsabel fir ënnerschiddlech Politikberäicher (Ëmwelt, Bezéiungen zu der EU, Aussebezéiungen, Landwirtschaft an Ernierung) an zwee Mol Member vun der Europäescher Kommissioun an de Kommissioune Prodi a Barroso II (Kommissär fir Regionalpolitik, dono fir Bannemaart a Finanzdéngschter).

2016 gouf hien zum Chefnegociateur vun der EU bei de Brexit-Verhandlungen ernannt, an dono Chef vun der Taskforce, fir dës ze finaliséieren an déi zoukünfteg Bezéiunge mat Groussbritannien auszehandelen.

De 5. September 2024 het de Staatspresident Emmanuel Macron hien zum neie Premierminister ernannt. Ma schonns knapps 3 Méint drop, de 4. Dezember, huet d'Parlament senger Regierung d'Vetrauen entzunn, an hien ass zeréckgetrieden. De François Bayrou gouf den 13. Dezember 2024 säin Nofollger.

Image  Commons: Michel Barnier – Biller, Videoen an Audiodateien