Op den Inhalt sprangen

Departement Vienne

Vu Wikipedia
Vienne (86)
Image
RegiounImage Nei-Aquitaine
PrefectureImage Poitiers
ËnnerprefectureImage Châtellerault
Image Montmorillon
Bevëlkerung419.000 Aw.(2006)
Fläch6.990 km²
Arrondissementer3
Kantonen38
Gemengen454
Image

D'Departement Vienne (86) ass e franséischt Departement, an der Regioun Nei-Aquitaine. Säin Numm huet et vun der Vienne, engem Niewefloss vun der Loire.

D'Departement Vienne gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner de Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf. Et setzt sech zesummen aus engem Deel vun der Provënz Poitou, an engem Deel vum Anjou, an dem südlechen Deel vum Saumurois, d'Regioun vum Loudunais.

D'Vienne ass en Deel vun der Regioun Nei-Aquitaine. Se grenzt un d'Departementer Indre-et-Loire, Indre, Charente, Deux-Sèvres a Maine-et-Loire.

Image  Commons: Vienne – Biller, Videoen oder Audiodateien