Op den Inhalt sprangen

International Standard Name Identifier

Vu Wikipedia
Image
ISNI-Logo

Den International Standard Name Identifier (ISNI) ass e 16-stellegen Identifiant fir d'ëffentlech Identitéit vun natierlechen oder juristesche Persounen, déi am Beräich vum Mediecontenu täteg sinn, sief dat an der Kreatioun, der Produktioun, dem Management oder der Distributioun[1]. Ënner enger ëffentlecher Identitéit versteet een den Numm, ënner där eng Entitéit ëffentlech bekannt ass[2]. Eng Entitéit ka verschidden ëffentlech Identitéiten hunn a kann deemno och verschidden ISNI-Nummere kréien, z. B. am Fall vu Pseudonymmen[3]. Ënnerschiddlech Schreifweise féieren awer net zu ënnerschiddlechen ISNI-Nummeren[4]. Den ISNI gouf als ISO 27729 vun der International Organization for Standardization entwéckelt an ass zënter 2012 an enger éischter an zënter 2024 an enger revidéierter Versioun disponibel[5].

Déi lescht Ziffer vun enger ISNI-Nummer ass eng Kontrollziffer, déi d'Wäerter „0-9X“ unhuele kann[6] an no der Prozedur ISO/IEC 7064, MOD 11-2 definéiert gëtt[7].

Beispill: ISNI 0000 0001 2281 955X ass d'ISNI-Nummer vum Albert Einstein[8].

Image  Commons: International Standard Name Identifier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Abschnitter 1 Scope an 2 Terms and definitions vum Dokument ISO 27729:2024(en).
  2. (en) ISNI | FAQs. isni.org. Gekuckt den 10.03.2026. Abschnitt What is a public identity?.
  3. (en) ISNI | FAQs. isni.org. Gekuckt den 10.03.2026. Abschnitt Is it possible to allocate multiple ISNIs to the same Party?.
  4. (en) ISNI | FAQs. isni.org. Gekuckt den 10.03.2026. Abschnitt What about alternative spellings of a given Public Identity?
  5. (de) ISO 27729:2024 – Information and documentation — International standard name identifier (ISNI). iso.org. Gekuckt den 10.03.2026.
  6. (en) ISNI | FAQs. isni.org. Gekuckt den 10.03.2026. Abschnitt What does the structure and syntax of an ISNI look like?
  7. Abschnitt A.2 Calculation of the check character vun der Annex A (normative) – Method for calculating the check character of an ISNI vum Dokument ISO 27729:2024(en).
  8. (en) ISNI 0000 0001 2281 955X. isni.org. Gekuckt den 10.03.2026.