Kamala Harris
| Kamala Harris | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
49. Vizepresident vun den USA | |
| 20. Januar 2021 - 20. Januar 2025 | |
| Virgänger | Mike Pence |
| Nofollger | JD Vance |
| Partei | Democratic Party |
| Biographie | |
| Gebuertsnumm | Kamala Devi Harris |
| Gebuer |
20. Oktober 1964 Oakland |
| Nationalitéit | USA |
| Gielercher | Time 100 |
| Bestuet mat | Douglas Emhoff (22.8.2014–) |
| Liewenspartner(in) | Willie Brown (1994–1996) |
| Papp | Donald J. Harris |
| Mamm | Shyamala Gopalan |
| Geschwëster | Maya Harris |
|
| |
D'Kamala Devi Harris, gebuer den 20. Oktober 1964 zu Oakland a Kalifornien, ass eng US-amerikanesch Politikerin (Demokratesch Partei). Si war vum 20. Januar 2021 bis den 20. Januar 2025 den 49. Vizepresident vun de Vereenegte Staaten.
Als de Running Mate vum Joe Biden bei de Presidentschaftswalen 2020 gouf si no deem senger Victoire, den 49. Vizepresident vun den USA. Zu deem Zäitpunkt gouf si als éischt Fra an als éischt asiatesch-afroamerikanesch Persoun Vizepresidentin vun den USA.
Vun 2011 bis 2017 war si Attorney general vu Kalifornien. Vun 2017 bis 2021 huet si dee Bundesstaat am Senat vertrueden. Am August 2024 gouf si Kandidatin vun den Demokrate fir d'Presidentschaftswalen dat Joer, déi si de 5. November géint den Donald Trump verluer huet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kamala Harris – Biller, Videoen oder Audiodateien |
