Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 20

Vu Wikipedia
AVL-Linn 20
Image
Image
Eng Linn 20 op der Cloche d'Or a Richtung Märel
Märel - Kockelscheier
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Merl, Marcel Cahen 49°36'6,48"N, 6°6'4,57"O
op Kockelscheuer, Parc Luxite 49°33'24,95"N, 6°5'48,70"O
iwwer Märel, Belair, Hollerech, Garer Quartier, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Bouneweg-Süd, Gaasperech, Kockelscheier
Gefiertyp Elektrobus, Gelenkbus
opgaang 12. Abrëll 2026
Technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 35 min, 37 min
Image

D'AVL-Linn 20 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 11. Abrëll 2026 um Trajet Märel, Marcel Cahen - Belair - Hollerech - Gare - Gare Rocade - Cloche d'or - Kockelscheier, Parc Luxite an zeréck. D'Streck tëscht der Cloche d'or an der Industriezon Parc Luxite gëtt just an de Spëtzestonnen (06:30 – 09:30 a 14:45 – 18:30) gefuer, déi aner Faarten hunn hiren Terminus beim P+R Stade de Luxembourg.

Fir de Reseau z'optimiséieren an eng direkt Verbindung tëscht Märel / Belair an dem Garer Quartier ze schafen, gouf am Abrëll 2026 eng Deelstreck agefouert, déi et bis dohin nach net gouf: den Trajet vu Marcel Cahen bis op d'Gare gouf deemno virun de bestoenden Trajet Gare - Kockelscheier gehaangen.[1]

D'Linn 20 huet a béide Richtungen 22 Halten; se fiert vu méindes bis freides all 20 Minutten.

Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Réiser fiert d'Linn 20 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis an de Parc Luxite op der Kockelscheier; se zielt net zu de Linnen, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert ginn.

Halten op der Linn 20

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
Image AVL Betriebshof betriblech Halt (Opluedstatioun) ouni Passagéierverkéier
Image AVL Portal betriblech Halt ouni Passagéierverkéier
Image Marcel Cahen
Image Barrière
Image Laang Heck
Image Orval
Image Place de France
Image Athénée
Image Jean-Baptiste Merkels
Image Fonderie
Image Gare Centrale Image Image Gare Lëtzebuerg
Image Wallis
Image Gare Rocade Image Gare Lëtzebuerg
Image Francophonie
Image Hildegard von Bingen
Image Gasperich, Waassertuerm Image
Image Émile Bian
Image Schaarfen Eck
Image Stade de Luxembourg ImageImageImage
Image P+R Stade de Luxembourg ImageImageImage
Image Kockelscheuer, Camping
Image Kockelscheuer, Um Plateau
Image Kockelscheuer, Louis Ackermann
Image Kockelscheuer, Parc Luxite

Entwécklung vun der Linn 20

[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • virun 1977: et gouf keng Linn mat der Nummer 20
  • 1977 – 1980: Gare - Stad - Domaine du Kiem an zeréck.
  • 1980 – 1992: Gare - Stad - Eech - Weimeschkierch - Dummeldeng, Parc de l'Europe an zeréck.
  • 1992 – 2015: Gare - Al Bréck - Stad - Plateau Bourbon - Gare
  • 01.06.2015 – 12.12.2020: Hamm - Zens - Clausen - Stad - Weimeschhaff - Kierchbierg

Um Kierchbierg gouf den Terminus e puermol geännert: de 14. Mäerz 2016 gouf e vun der Luxexpo Entrée Sud op déi nei Halt Marcel Reuland, den 10. Dezember 2017 op d'Halt Poutty Stein an de 15. Oktober 2018 op d'Halt Chambre des Métiers verluecht.

Am Dezember 2017 gouf och den Trajet um Kierchbierg geännert: d'Linn ass dunn duerch d'Rue du Fort Niedergrünewald amplaz iwwer d'Avenue Kennedy gefuer a vum 15. Oktober 2018 un ass d'Linn och laanscht de Rehazenter (Rue des Labours) gefuer.

Zu Hamm hat d'Linn 20 e gemeinsamen Terminus mat de Linne 15, 25 a 70.

  • 13.12.2020 – 10.09.2022: P+R Bouillon - Hollerech - Gare - Gare Rocade - Cloche d'Or, Guillaume Kroll.
  • 11.09.2022 – 06.07.2024: P+R Bouillon - Hollerech - Gare - Gare Rocade - Cloche d'Or - Kockelscheier, Parc Luxite.

Wéi d'Tramslinn T1 de 7. Juli 2024 bis op d'Cloche d'or verlängert gouf, ass de Reseau liicht ugepasst ginn an den Deel P+R Bouillon - Gare, dee bis dohi vun der Linn 20 befuer gouf, ass vun der Linn 22 iwwerholl ginn.

  • 07.07.2024 – 11.04.2026: Gare - Gare Rocade - Cloche d'or - Kockelscheier, Parc Luxite.
Image  Commons: AVL-Linn 20 – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Adaptation du réseau | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de 07.04.2026.