Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 23

Vu Wikipedia
AVL-Linn 23
Image
Image
D'Linn 23 an der Rue Benjamin Franklin.
Bouneweg - Eech
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Bouneweg, Demy Schlechter 49°35'41,9885"N, 6°8'36,0992"O
op Eech, Centre Culturel 49°37'44,18"N, 6°7'56,53"O
iwwer Bouneweg, Houwald, Gaasperech, Garer Quartier, Gronn, Clausen, Pafendall, Eech
Gefiertyp Standardbus
opgaang 11. September 2022
Technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.705 m, 13.000 m
Fuerzäit 43 min, 46 min
mëttel Vitess 17,73 km/h, 16,96 km/h
Plang vun der Linn OpenStreetMap
Image

D'AVL-Linn 23 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 11. September 2022 um Trajet Bouneweg, Demy Schlechter - Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech, Centre culturel.

Nodeems d'Busverbindung tëscht dem Gronn a Clausen am Joer 2006 ënnerbrach gouf well un der Strooss geschafft gouf an och well Ausgruewunge gemaach goufen, ass d'Verbindung am Juni 2015 mat der Linn 23 nees opgeholl ginn. De Passage duerch de Gronn bleift awer zanterhier fir den Transitverkéier zou; just d'Bussen an d'Awunner däerfen elo nach duerchfueren.

D'Linn 23 fiert vu méindes bis freides all 20 Minutten. Samschdes a sonndes fiert se all hallef Stonn, woubäi sonndes nëmmen d'Streck vun der Gare bis op Eech gefuer gëtt.

Halten op der Linn 23

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
Image Demy Schlechter
Image ↓ Willibrord
Image ↑ Pont-Remy
Image Lycée Bouneweg / LTB
Image Lycée Bouneweg / PE Image
Image Francophonie
Image Charles Darwin
Image François Hogenberg
Image Louis de Froment
Image Klensch
Image Al Gaasperech
Image Bei der Auer
Image↓ Clemenceau
Image Richard Wagner
Image↑ Clemenceau
Image Millewee
Image Déportation
Image Alsace
Image Gare Centrale Image Image Gare Lëtzebuerg
Image Al Avenue
Image Stadgronn, Bréck
Image Rumm
Image Tour Jacob
Image Clausener Bréck
Image Ste Cunégonde
Image Vauban
Image Théiwesbuer
Image Pfaffenthal, Halte CFL ImageImageImage Gare Pafendall-Kierchbierg
Image Sichenhaff
Image Stade G. Diderich
Image Eecher Plaz
Image Dommeldange, Contournement provisoreschen Trajet,

wéinst engem Schantje vum 22.02.2026 un

(kuckt och: Linn 3)[1][2]

Image Van der Meulen
Image Château
Image Chingiz Aitmatov
Image Eich, Centre Culturel gemeinsamen Terminus mat der Linn 21

Entwécklung vun der Linn 23

[änneren | Quelltext änneren]
  • virun 2006: et gouf keng Linn mat der Nummer 23
  • 2006 - 2015: Gare - Gronn an zeréck
  • 01.06.2015 - 14.10.2018: Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech - Beggen
  • 15.10.2018 - 12.12.2020: Bouneweg, LTB - Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech - Beggen, Henri Dunant

Am Oktober 2018 gouf d'Linn am Süden, vu Gaasperech bis op Bouneweg verlängert, fir absënns déi zwéi Quartieren an de Gaasperecher Bann mateneen ze verbannen.

Wéinst dem Tramsschantje am Garer Quartier gouf d'Streck den 3. November 2019 ugepasst; d'Linn 23 fiert zanterhier tëscht der Gare an dem Berliner Wee a béid Richtungen duerch d'Al Avenue

  • 13.12.2020 - 10.09.2022: Bouneweg, LTB - Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech, Centre culturel
Image  Commons: AVL-Linn 23 – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Adaptation du réseau | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt den 18.02.2026.
  2. ↑ (fr) Adaptation des lignes 23 et 25 à partir du 9 mars 2026 | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt den 11.03.2026.