Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 70

Vu Wikipedia
AVL-Linn 70
Image
Kockelscheier - Hamm
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Kockelscheier, Patinoire 49°33'55,2154"N, 6°6'30,6702"O
op Hamm, Rue de Bitbourg 49°36'47,8541"N, 6°10'13,4296"O
iwwer Kockelscheier, Gaasperech, Zéisseng, Hollerech, Garer Quartier, Hamm, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Polvermillen
Gefiertyp Standardbus
opgaang 3. November 2019
zougemaach 12. Dezember 2020
Technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 14.561 m, 14.547 m
Fuerzäit 44 min, 43 min
mëttel Vitess 19,86 km/h, 20,30 km/h
Image

D'AVL-Linn 70 war eng Buslinn vun de Stater Bussen déi vum 3. November 2019 bis den 12. Dezember 2020 um Trajet Kockelscheier - Cloche d'or - Gaasperech - Zéisseng - Gare - Polvermillen - Hamm gefuer ass.

D'Linn 70 hat um Aller gradewéi um Retour 30 Halten. Se hat den Terminus op der Kockelscheier zesumme mat der Linn 18 an zu Hamm mat de Linne 15, 20 a 25. Tëscht der Gare an der Polvermillen ass se parallel mat der Linn 7 gefuer.

D'Linn 70 ass vu méindes bis freides all hallef Stonn gefuer; de Fuerplang war sou opgesat, datt um gemeinsamen Trajet mat der Linn 7 all véierel Stonn e Bus gefuer ass.

Halten op der Linn 70

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert waren.)

Halten Bemierkung
Image Kockelscheuer, Patinoire Quai 2 Image; hat e gemeinsamen Terminus mat der Linn 18
Image Kockelscheuer, Camping
Image Leonardo da Vinci
Image Charles Darwin
Image François Hogenberg Quai 1
Image Beethoven
Image Rue Verte
Image Kuelebierg
Image Tubishaff
Image Antoine
Image Rue de Leudelange Quai 3
Image Am Eck
Image Cessange, Duerf
Image Cessange, Kierch
Image Fischerhaff
Image Artisans
Image Barrès
Image Assurances Sociales Quai 2
Image Jean-Baptiste Merkels
Image Fonderie
Image Gare Centrale Quai 9 Image
Image Wallis Quai 1
Image Laboratoire
Image Lavoisier
Image Général Patton
Image Pulvermuhl, Hammerdällchen
Image Peupliers
Image Rue Haute
Image Käschtewee
Image Rue de Bitbourg hat e gemeinsamen Terminus mat de Linne 15, 20, 25

Entwécklung vun der Linn 70

[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • Schouljoren 2012/13 - 2014/15: Schoulbus vun der Sainte-Sophie op d'Gare
  • 16.07.2018 - 02.11.2019: Verluerekascht - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Hamm
  • 03.11.2029 - 12.12.2020: Kockelscheier - Cloche d'or - Gaasperech - Zéisseng - Gare - Polvermillen - Hamm
  • zanter dem 13.12.2020: et gëtt keng Linn mat der Nummer 70
Image  Commons: AVL-Linn 70 – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]