Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 3

Vu Wikipedia
AVL-Linn 3
Image
Image
Eng Linn 3 hannert dem Rond-point Robert Schuman (2023)
Houwald - Beggen
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Houwald, Waassertuerm 49°34'41,5"N, 6°8'51,5"O
op Beggen, Henri Dunant 49°38'51,4752"N, 6°8'4,3732"O
iwwer Beggen, Dummeldeng, Eech, Uewerstad, Garer Quartier, Bouneweg, Houwald
Gefiertyp Elektrobus
opgaang 13. Dezember 2020
Technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.093 m, 11.704 m
Fuerzäit 40 min, 41 min
mëttel Vitess 18,14 km/h, 17,13 km/h
Plang vun der Linn OpenStreetMap
Image

D'AVL-Linn 3 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Houwald, Waassertuerm - Bouneweg - Garer Quartier - Stad - Eech - Dummeldeng - Beggen, Henri Dunant an zeréck.

D'Linn 3 huet 26 Halten an all Richtung a se fiert all Dag an engem Takt vun enger hallwer Stonn. Tëscht Bouneweg an der Uewerstad fiert se parallel mat de Linne 5 an 33[1]. Sonndes fiert d'Linn 3 just op zwéin Deelstécker: engersäits vum Houwald bis op Bouneweg, Lycée Bouneweg, wou en Uschloss un d'Linn 5 a Richtung Stad besteet an anersäits vu Beggen bis an d'Stad.

Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Hesper kann d'Linn 3 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis op den Houwald verlängert ginn; se gëtt net vum Nohaltegkeetsministère subventionéiert.

Halten op der Linn 3

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
Image Howald, Waassertuerm gemeinsamen Terminus mat der Linn 33
Image Howald, Minsbësch
Image Howald, Bei der Kierch
Image Howald, 9 Mai 1944
Image Lycée Bouneweg / PE Image
Image Lycée Bouneweg / LTB
Image Willibrord
Image Léon XIII
Image Fraternité
Image Virchow
Image Huese Vic
Image Wallis
Image F. D. Roosevelt
Image Hamilius Image
Image Fondation Pescatore
Image Theater Image
Image Kiischtewee
Image Alen Eecher Bierg
Image Octroi
Image Eecher Plaz
Image Dommeldange, Contournement wéinst engem Schantje vum 22.02.2026 un net ugefuer[2]
Image Van der Meulen
Image Château
Image Chingiz Aitmatov
Image Eecher Klinick provisoreschen Trajet wéinst engem Schantje vum 22.02.2026 un[2]
Image Émile Metz
Image Henri Heymanns
Image Cyprien Merjai
Image Henri Dunant

Entwécklung vun der Linn 3

[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 10.07.1960 un: Gare - av. Monterey - Lampertsbierg (av. V. Hugo) - av. de la Faïencerie - av. Monterey - Pont Adolphe - Gare
  • 1971 - 1992: Gare - Stad - Lampertsbierg
  • 1992 - 2001: Bouneweg, Rangwee - Wallis-Plaz - Stad - Lampertsbierg/av. de la Faïencerie
  • 2001 - 2015: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg, LTB; verschidde Faarte bis op den Houwald, Waassertuerm
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg - Houwald, Waassertuerm

Vum Lampertsbierg bis op d'Gemengegrenz am Rangwee ass d'Linn 3 parallel mat der Linn 30 gefuer. De 14. August 2018 ass den Trajet am Stadzentrum liicht geännert ginn. D'Linn 3 fiert vun deem Dag un iwwer de Boulevard Royal an d'Neipuertsgaass amplaz iwwer d'Stäreplaz an d'Montereysavenue.

Wéinst dem Tramsschantje huet d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad zanter dem 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck geféiert[3].

D'Linn 3 hat 24 Halten um Aller an der 25 um Retour a ass wiertes all 20 Minutte gefuer; duerch de parallellen Trajet mat der Linn 30 tëscht dem Lampertsbierg a Bouneweg gouf et do all 10 Minutten a Bus. Samschdes a sonndes ass se all hallef Stonn gefuer. Den Terminus Houwald, C. I. P. A. gouf nëmme sonndes mat e puer Faarten ugefuer.

  • 03.12.2020 - 09.12.2023: deselwechten Trajet Houwald, Waassertuerm - Beggen, Henri Dunant an zeréck wéi zanter dem 10. Dezember 2023, awer mat vereenzelte Faarte bei de C. I. P. A. um Houwald a mat zousätzleche Faarten tëscht der Houwalder Kierch an dem Glacis (Halt Theater); béid Variante ginn zanterhier vun der Linn 33 gefuer. Den 11. September 2022 gouf den Trajet zu Bouneweg liicht ugepasst, fir datt de Pôle d'échange Lycée Bouneweg ugefuer konnt ginn.
Image  Commons: AVL-Linn 3 – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Adaptations horaires - Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt den 29.11.2023.
  2. 1 2 (fr) Adaptation du réseau | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt den 18.02.2026.
  3. ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019